top of page

CHRËSCHTMAART 2021

Freides owes, de 26. November vun 19h00 bis 23h00 a Samschdeg, de 27. November vun 11h00 bis 23h00 ass Chrëschtmaart am Schiefermusée.


Déi fréier Schifergrouwe vun Uewermaartel liwweren eng erstaunlech Kuliss fir Stänn mat Iessen a Gedréinks, schéine Cadeausidiën an Dekoratioune fir d’Advents- a Wanterzäit.


Wann de Glühgin an der Bar ‚Beim Leekëppert‘, dat gegrillte Stéck Fësch oder Fleesch, déi gehäerzten Zopp, dat séisst Genaschels oder de gezaaptene Chrëschtbéier langweileg ginn, kann ee bei Virféierungen am Holzdréchselen, an der Leederveraarbechtung oder am Schmieden interessanten Aarbechten nokucken. Ronn 40 Stänn mat Geschenker fir direkt an de Bauch oder spéider ënner de Beemchen waarden op Besucher, déi e puer Stonne mat feste Schung di fréier Leekoll a Chrëschtstëmmung erliewe wëllen. Eppes op d’Oueren liwwert freides owes de beléiftene Saxophonesensemble Saxitude, a samschdes d’Dréihuergel vum Tom, d’Lompekréimer an d’Strëpp vun der Héiltzer Musik.


Den Entrée ass fräi awer et ass Covid Check.




Aktuelle Beiträge

Alle ansehen

BOORBELDAG

bottom of page