So., 17. Okt.
|Haut-Martelange
SCHMATTE SCHNUPPERCOURS
Dech faszinéiert d’Schmieden an du wollts schon ëmmer erausfannen ob dat däin neien Hobby kéint ginn? Am Schiefermusée kris du Geleenheet genau dat auszeprobéieren.

Zeit & Ort
17. Okt. 2021, 09:00
Haut-Martelange, Entrée principale, Haut-martelange, 8832 Martelange, Luxembourg
Über die Veranstaltung
Inhalt vum Cours
- Aweisung an Aarbechtsschutz
- Fonktionnement vun enger Schmëtt
- Grondtechnike vum Schmieden
- Hirstelle vun engem einfachen Objet
Informatiounen:
- De Cours ass op lëtzebuergesch ;
- En ass 2021 all leschte Sonndeg vun de Méint August, September oder Oktober vun 9:00 bis 12:00 a vun 13:00 bis 16:00 Auer;
- Vun 12:00 bis 13:00 ass Mëttespaus an de Pique-Nique ass matzebréngen ;
- Du muss 11 Jor hunn an op d‘mannst 1,40 m grouss sinn;
- Et gi just 3 Teilnehmer pro Cours gehol, deen éischten ass vir;
- De Cours kascht 200 € op de Kapp (Material a Gedréinks gëtt zur Verfügung gestallt);
- Folgend Material muss den Teilnehmer matbréngen:
o Fest Schung
o Sécherheetsbrëll
o Ouerestëpp
o Lieders Schaffhännschen
Dës Aktivitéit leeft ënnert dem COVID-Check!
Umelldung an Informatiounen: info@ardoise.lu an +352 23 640 141