Schiefermuseum Obermartelingen

Een Dag op der Koll – mat denger Klass

Virun der Kuliss vum Schiefermusée Uewer-Maartel bidde mir Kanner- a Schülergruppen vun 8 bis 18 Joer een zesummenhängende Programm fir een Dagesausfluch un.

Mir ginn op d’Sich nom Schiefersteen, wéi e sech am Buedem forméiert huet, wéi en ofgebaut an zu wat e benotzt gouf. Mir entdecken d’Schieferindustrie an een eemolege Site, dee nach en Zeien aus dem Zäitalter vun der Industrieller Revolutioun ass a proposéieren iech e Programm ronderëm folgend Themen:

Schiefer a seng Eegeschaften
Geologie vum Lëtzebuerger Land
Pläng liesen a Gebaier bestëmmen
de Leekëppert a säin Handwierk
d’Karbidsluucht, d’Dampmaschinn
den Transport vum Schiefer, d’Schreifmaschinn

Jee no Alter an Ziel vum Ausfluch ginn d’Inhalter anescht vermëttelt. Zum Dagesprogramm zielen ënner anerem folgend Aktivitéiten: d’Virféierung vum Leekëppert, Geschicht vun der Uelegluucht, de Steenatelier, Bürosaarbecht ëm 1960, Besichtegung vun der ënnerierdescher Grouf, de Buggy, d’Dampmaschinn, d’Industriebunn …

Een Dag op der Koll kascht 8€ pro Kand an dauert ca 6 Stonnen, D’Begleitpersonal ass gratis. Frot en Datum iwwer Email un oder rufft eis un.

Visitez-nous! Besuchen Sie uns! Visit us!

Les Amis de l'Ardoise A.s.b.l
Maison 3
L-8823 Haut-Martelange

Téléphone: (00352) 23 640 141

directions